Am beschten ass e gratis an dann nach kal: Et geet ëm de Béier. Den Alkohol, deen am meeschten op de Welt gedronk gëtt, huet dëse Freide säin Éierendag.

Et ginn eng sëlleg Mythen iwwert dat "killt Blond" a mir weisen iech wéi eng dovunner och wierklech wouer sinn.

All Mënsch kennt dat aalt Spréchwuert: "Bier auf Wein, das lass sein. Wein auf Bier, das rat ich dir." Fir vill Leit ass et nëmmen e Sproch, fir anerer eng Reegel fir den Dag drop net esou en décke Kapp ze kréien. Dat soll awer komplette Quatsch sinn. Etüden hu gewisen, dass et egal ass, wat ee fir d'éischt drénkt, et huet de selwechten Effekt den Dag drop. De Sproch huet dofir aner Originnen. Fir den däitsche Brauer-Bond huet dat am Mëttelalter just d'sozial Ënnerscheeder kloer gemaach. Wäin war e Gedrénks fir d'Uewerschicht. Béier war fir déi méi einfach Leit.

E Konter-Béier ass do och keng richteg Léisung géint en decke Kapp. Flëssegkeet hëlleft den Hangover erauszezögeren, mä méi och net. Fir dogéint virzegoen muss een Elektrolytten drénken. Déi fënnt een z.B. an Uebstjusen.

Et ass och net wouer, dass waarme Béier géint de Schnapp hëlleft. Et fillt ee sech duerch den Alkohol zwar méi waarm an et hëlleft och beim Aschlofen, mä et sollt ee generell d'Fanger vum Alkohol loossen, wann ee krank ass. Dëse schwächt och den Immunsystem an zitt Waasser aus dem Kierper. Béides ass net grad déi bescht Iddi fir erëm gesond ze ginn. Am Plaz vum Béier, sollt ee léiwer en Téi drénken.

Béier a Sport sollen och net funktionéieren, et sief et hëlt een e Béier mat 0,0% Alkohol. Do si vill Kuelenhydrater dran, dat soll no all deem Schweesse vum Sport gutt doen. Wann awer Alkohol am Spill ass, ass de Verletzungsrisiko méi grouss an et schléift een net esou gutt. Et muss ee wierklech oppassen: Net all alkoholfräie Béier ass ouni Alkohol. Dacks gëtt e bëssen Alkohol dra gemaach, fir de Goût e bëssen ofzeronnen. Bis zu 0,5% Alkohol ass erlaabt, fir e Béier "alkoholfräi" ze nennen. Et ginn natierlech och Alternativen, wou guer keen dran ass.

Et ginn och Mythen ëm de Béier, déi stëmmen. Wann dir u waarmen Deeg e Béier drénkt fir ofzekillen, suergt d'Hëtzt dofir, dass den Alkohol méi séier wierkt. Et sollt een dann net schwamme goen, fir sech weider ofzekillen. Alkohol erweidert d'Bluttgefäässer, do kann ee schonn bei enger Waassertemperatur vun 20 bis 22 e Schock vun der Keelt kréien.

An dann och wichteg: Béier kann net oflafen. Den Alkohol, d'Kuelesaier an den Happ suergen dofir, dass de Béier net schlecht gëtt, just de Goût verännert sech op Dauer.