Et gëtt net seelen de Geck mam US-President wéinst senger Gesiichtsfaarf gemaach.

Speziell eng Foto am Februar hat fir ameséiert Reaktioune gesuergt - hei ginn dem Donald Trump seng Hoer vum Wand no hanne geblosen an et gesäit ee kloer, datt seng Kapphaut eng aner Faarf huet, wéi säi Gesiicht.

Et gëtt och ëmmer nees spekuléiert, wéi deen extraen orangen Teint vum President zustane kéim. Selbstbräuner? Solarium? Vill an der Sonn? Oder awer Make-Up?

Den Donald Trump selwer sot elo op en neits, modern Luuchte wiere Schold. Bei der Visitt vun enger Fabrick am US-Bundesstaat Ohio sot den US-President, hie wier ganz frou mat de klassesche Bieren. "Ech hu se besonnesch gär, well ech net esou orange ausgesinn", sou den Trump, "dir sidd all schéi Leit, mä mat den ale Bieren hutt der besser ausgesinn, wéi mat deene fuerchtbaren neie Bieren."

Am Hierscht schonn hat den Donald Trump d'Energiespuerluuchte fir säin Teint verantwortlech gemaach. Ob et e Witz war oder net wosst, grad wéi dës Kéier, keen esou richteg. Den Trump ass iwwerdeems der Meenung, datt Energiespuerluuchte schlecht fir d'Ëmwelt sinn. Hien huet och schonn e puer mol erkläert, hie géif léiwer Pressekonferenzen dobaussen halen, well hie bei natierlecher Luucht besser ausgesäit.