Um Teufelssee, deen am Grünewald Park zu Berlin läit, haten d'Besicher déi Deeg eppes ze laache kritt.

E Wëllschwäin mat senge Klengen hat sech als éischt d'Pizza vun engem Gaascht gemopst an dono engem anere Mann seng giel Tut. An der Tut war awer keen Iessen dran, ma de Laptop vum Mann, dowéinst huet dee sech och op d'Juegd vum Déier gemaach an dat genau esou, wéi Gott hie geschaaft huet. Obwuel him d'Déier ze séier war, krut de Mann seng Tut awer erëm, wuel och, well d'Schwäin doranner näischt ze friesse fonnt hat.

Den Teufelssee ass bekannt fir säin FKK-Deel, wou sech dann ëmmer nees d'Nudiste gäre sonnen. Et passéiert ëmmer nees, datt d'Déieren um Teufelssee ënnerwee sinn. Meeschtens gi se vum Dreck vun de Leit ugelackelt.