Fréier hu se dofir gesuergt, dass Mais a Raten keng Iwwerhand geholl hunn... haut si se d'Staren op Youtube a Facebook.

Wat hunn de Garfield, den Tom an den Oliver matenee gemeinsam? Ma si sinn Kazen.

Internationalen Dag vun der Kaz / Reportage Jeff Trierweiler

An op dësem 8. August solle mir eis pelzeg Kolleege feieren. Ma eis Relatioun zu Kaze besteet schonn zanter puer dausende Joren. Schonn am alen Ägypten goufe se als Hausdéiere gehalen. Fir d'Mais vun de Kären ewech ze halen, koumen d'Kazen an d'Spill a goufe fir hir wäertvoll Aarbecht carrement veréiert. Duerch Handelsleit gouf d'Hauskaz um Globus verbreet.

Freier ware Kazen och en wichtege Bestanddeel vun der Besatzung um Mier. De Begrëff Schëffskaz beschreift Kazen, déi dofir gesuergt hunn, dass Schädlinge wéi Raten net zum Problem op Schëffer gi sinn. Bis an den 1970er Joren war et üblech, Kazen esou matzehuelen.

Haut sinn d'Kazen d'Staren am Internet

Ma um Internet! Kazevideoen sinn hei mat déi beléiftsten op YouTube. Mä vu wou kënnt dat Phänomen? Experte soen, well Katze sou akrobatesch sinn. Eng glécklech Kaz turnt gären an dat fannen hir Besëtzer amüsant. An dat filme hir Besëtzer schonn zanter den 1980er Joren. Vun do u ware Kamerae präislech fir vill Stéit ze bezuelen.

An et ginn och vill prominent Kazen: Sou d'Grumpy Cat. Duerch e Video, deen op YouTube verëffentlecht ginn ass, ass de Kueder iwwer Nuecht zur Internetsensatioun ginn. Bis haut gouf de granzege Kueder iwwert 22 Millioune mol gekuckt. Leider ass hien am Alter vu nëmmen 7 Joer gestuerwen.

Kaze gëtt nogesot, dass se verspillt, geselleg a gescheit sinn. Ma Kaze kënnen och richteg al ginn. De Rubber, e Kueder aus Exeter an England, ass 31 Joer al ginn an ass dëst Joer gestuerwen. Mä et geet och nach méi al: D'Crème Puff gouf der 38 an domadder ass et déi eelste bekannte Kaz, déi jee soll gelieft hunn.

Kaze schlofen gären, 70% vun hirem Liewe verschlofe se.

Vill Besëtzer hunn och eng Kazeklapp doheem montéiert. Dës gouf iwwregens vum Isaac Newton erfonnt.

An hei nach eng interessant Noriicht aus Sri Lanka:
Do gouf dës Woch eng Kaz verhaft, wéi si dobäi erwëscht ginn ass, wéi se mat engem verdächtege Pack ëm den Hals gebonnen an de Prisong spadséiert ass. Wéi sech erausgestallt huet, waren an deem Pack Sim Karten an Heroin. D'Autoritéiten hu de klengen Gängster ënnert Arrest gestallt. Ma dat huet der Kaz net an de Krom gepasst a si konnt sech kuerz drop duerch Bascht maachen.