D'US-Auktiounshaus Heritage Auctions huet berüümten Erënnerungsstécker vu Staren aus der Musekswelt ënnert den Hummer bruecht.

112.000 Dollar (95.000 Euro) huet eng Persoun fir eng wäiss Händsch mat Pailletten op den Dësch geluecht, déi de Michael Jackson 1984 wärend senger Victory-Tour unhat.

Nach méi Geld huet eng Persoun fir e Concertspouster aus de 50er Joer bezuelt. Knapp 119.000 Dollar war de Pouster engem Museksfrënd wäert, op deem Rock'n'Roll-Stare wéi Buddy Holly, Chuck Berry a Jerry Lee Lewis ofgebillt waren.

E schwaarzwäisse Pop-Art-Pouster vun der Band Jefferson Airplane aus dem Joer 1966 huet méi wéi 11.000 Dollar erabruecht. E weidert interessant Erënnerungsstéck war en Handziedel vum Bob Dylan, dee fir 4.000 Dollar versteet gouf.

Och Géigestänn vun der Rock-Legend Linda Ronstadt koumen ënnert den Hummer. Dat deierst Erënnerungsstéck war hire Grand Piano vu Yamaha, dee fir 35.000 Dollar de Besëtzer gewiesselt huet.