An engem südkoreaneschen Duerf hate Secouriste mat engem schwéiere Problem ze kämpfen.

Wärend den Iwwerschwemmungen am Bauerenduerf Gurye hunn eng Partie Kéi Schutz op engem Daach gesicht. Wéi d'Waasser awer nees zeréckgaangen ass, haten d'Déieren op eemol en anere Problem... Si koumen net méi vum Daach erof.

Eng aussergewéinlech Rettungsaktioun gouf lancéiert. Mat engem Kran huet een all Béischt eenzel zeréck op de Buedem gehuewen.

Wärend Wochen huet et a Südkorea vill gereent, wat zu heftegen Iwwerschwemmungen am Land gefouert huet. Zanter Ufank August si schonn eng 30 Persounen ëm d'Liewe komm.