Normalerweis regéiert d'Deutsche Bahn kritesch op sou Aktiounen, mä ausnamsweis huet et an dësem Fall iwwerrascht.

De Graffiti-Kënschtler Razor huet an der Nuecht op e Méindeg e rosa Mond- an Nueseschutz mat gielen Häerzercher op der Nues vun engem Zuch gesprayt. Kuerz drop huet hien op Instagram ee Bild vun sengem Meeschterwierk gepost. Wéi d'Äntwert vun der Deutsche Bahn war, huet vill Leit iwwerrascht. Amplaz d'Aktioun schlecht ze rieden, respektiv eng Plainte géint de Kënschtler ze maachen, huet déi däitsch Bunn den Artist esouguer gelueft.

Domat wëlle si natierlech dozou opruffen, dass sech un déi sanitär Reegelen, virun allem de Mondschutz, gehale soll ginn. Zanter enger Zäitchen gëllt an Däitschland eng Maskeflicht an den ëffentlechen Transporter, obwuel vill Leit sech an Däitschland géint déi Mesurë wieren. D'Deutsche Bahn ass viru Kuerzem kritiséiert ginn, well se virgeworf krut, net streng genuch a puncto obligatoresche Mondschutz ze maachen.

De Graffiti-Sprayer Razor ass ee vun den erfuerenste Sprayer a ganz Däitschland an huet sech ënnert anerem op de sougenannte "Trainwriting" spezialiséiert, also d'Bespraye vun Zich.