Déi bekannt US-Serie aus den 90er Jore soll awer net als Komedie nei opgeluecht ginn, mä als Drama.

Dat hunn "Hollywood Reporter" an "Deadline" en Dënschdeg matgedeelt. Deemno wéi soll de Will Smith selwer d'Sendung produzéieren.

Dem Will Smith seng Karriär hat mat "The Fresh Prince of Bel-Air", déi vun 1990 bis 1996 gelaf ass, ugefaangen an en ass doduerch och weltwäit bekannt ginn. Duerch d'Serie huet den deemolege Rapper seng Talenter fir Komedie bewisen an gouf doropshin zu engem vun de gréissten Hollywood-Staren.

D'Serie aus den 90er geet ëm d'Geschicht vun engem jonke Mann, deen zu Philadelphia a méi aarme Verhältnisser gelieft huet an op Bel-Air a Kalifornie bei säi räiche Monni plënnert. An der neier Serie soll deemno wéi d'Virgeschicht vum jonke Protagonist erzielt ginn, ënnert anerem am Kontext vu Gang-Gewalt.

D'Iddi fir déi nei Versioun koum vum Regisseur Morgan Cooper, deen och een Trailer fir déi nei Serie gedréint huet. Zwou Versioune vum Trailer hunn den Tour duerch d'Netz gemaach a goufe méi wéi 7 Milliounen Mol gekuckt, ënnert anerem och vum Will Smith, dee begeeschtert war. De Cooper soll och d'Regie vun der neier Serie féieren.