Engem Awunner vu Thunder Bay um Lake Superior, net wäit vun der Grenz mat den USA ewech, ass um Wee fir op d'Aarbecht eppes Ongewéinleches opgefall.

Um Bau vun engem Biber stoung nämlech eng Satellitteschossel. Vläicht wëllen d'Déieren den Ufank vun der NHL, der Hockey-League, no der Corona-Paus net verpassen, huet de Brian Edwards sech geduecht, wéi hien dem Tëleessender CBC sot.

D'Journalisten hunn decidéiert, der Saach op de Fong ze goen, an dobäi huet sech erausgestallt, datt et mëttlerweil e verbreete Witz ass a Kanada, Bibere Satellitteschosselen oder kanadesch Fändelen op de Bau ze stellen.

Iwwer d'sozial Netzwierker huet d'CBC-Ekipp nom Witzbold gesicht, deen am Thunder Bay um Wierk war. No e puer Deeg huet sech ee Grant Carlson bei hinne gemellt an zouginn, datt hien d'Schossel installéiert hätt. Hie wier de 25. Mee mam Kayak a Fëscher-Gummisstiwwele bei den Damm gepaddelt an hätt de Biberen d'Satellitteschossel op de Bau geschrauft.

Hie géif berufflech Hochzäite plangen an hie wier zimmlech depriméiert gewiescht, datt alleguer d'Hochzäite wéinst der Corona-Kris ofgesot goufen, sot de Carlson CBC géintiwwer. Firwat net engem aneren hëllefen, hätt hie sech gesot, an un d'Bibere geduecht. "Wësst der, Quarantän ass net sou schlëmm, wann een Netflix huet".

Den Edwards huet sech op alle Fall iwwert de Witz gefreet a wollt dem Carlson Merci soen. "Et huet mech Laache gedoen," sot hie CBC, "An ech mengen, datt mer méi dovunner brauchen, speziell mat Bléck op déi global Pandemie an alles, dat den Ament sou leeft."