En neien Trend: A Frankräich zu Paräis oder zu Bordeaux, mee och am Kosovo oder zu Bréissel gi Petzien op den Terrassen installéiert.

An éischter Linn war dat am Lockdown gemaach ginn, fir déi eidel Terrassen net sou eidel ausgesinn ze loossen, a wärend der Quarantän deene wéinege Passanten e Laachen an d'Gesiicht ze zauberen.

Elo, wou d'Terrasse gréisstendeels nees op sinn, gi se anescht benotzt. An zwar ginn d'Petzien op spezifesch Sëtzplaze gesat, fir dass d'Leit sech net dohi kënne placéieren an esou gezwonge sinn, sech un d'Sécherheetsdistanz ze halen.

Esou kann een op den Terrasse Plaz huelen a vun enger Plüsch-Gesellschaft profitéieren. Eng praktesch Alternativ, wann een eng Kéier sollt vill Loscht op e Café oder Snack hunn, awer kee fënnt, fir matzekommen. Op dës Manéier huet een alt wéinstens een Noper am Ëmfeld, mat deem ee sech ënnerhale kann. Gutt nolauschtere kënnen d'Petzie sécher, äntwere vläicht awer manner gutt. Wann een dann Honger wéi e Bier huet, dann ass een op d'mannst net deen eenzegen op der Terrass an deem Fall.

Iwwerall op der Welt, sief et mat Plüschdéieren oder aner Alternativen, sichen d'Leit ee Wee, fir d'Schutzmesurë sou angeneem ewéi méiglech ze gestalten, sou dass d'Leit et e bësse méi einfach fannen, fir mam Coronavirus ze liewen. Den Alldag un d'Pandemie upassen, sou gesäit déi no Zukunft aus, wisou dann net mat flotten Initiative wéi dëser?

Social Distancing an Zäite vu Corona

Fir ze weisen, wéi d'Corona-Pandemie d'Welt verännert huet, respektiv, wéi verschidde Länner, Betriber, privat Persounen a Clibb sech op kreativ Manéier ugepasst hunn, hu mir e puer Beispiller unhand vu Fotoe fir Iech erausgesicht.