Un der Ostsee huet en ongewéinleche Gaascht de Weekend d'Leit gutt erféiert.

Schonn nees huet e Wëllschwäin an Däitschland fir Opreegung gesuergt. Nodeems d'lescht Woch zu Berlin e Mann säi Laptop vun enger Wëllsau geklaut krut, haten d'Leit zu Schönhagen a Schleswig-Holstein eng änlech Iwwerraschung.

Op ee mol koum e Wëllschwäin aus dem Mier a Richtung Plage geschwommen. D'Leit hunn eng Rettungsgaass gebilt a probéiert, et vun der Plage erof ze dirigéieren, a geruff "Loosst et lafen, loosst et lafen!"

Um Video kann ee matkréien, ewéi eng Rëtsch Leit sech gutt erféiere gelooss hunn. Dat louch vläicht dorun, dass d'Schwäin zimmlech séier ënnerwee war an dat, nodeems et souvill geschwommen war.

Wéi ndr.de schreift, ass d'Schwäi wuel scho kilometerwäit geschwommen, iert et op d'Plage koum. De Grond dohannert ass awer net gewosst.