Vegan Ernärung: Een Trend oder eng Liewensweis fir d’Zukunft?

So mer wat s de ëss, an ech soen dir wien s de bass... Mat deem wat mir iessen, kucke mer net nëmme sat ze ginn, mä mir definéieren dobäi och eis sozial an ekologesch Iwwerzeegungen.

Blog "Eko? Ass dach logesch!" Deel 16

Ernärung hänkt mat Gewunnechten, Erënnerungen, a mat der Kultur an der een opwiisst, zesummen. De Choix, fir sech z‘ernähren, ass haut enorm. Kiwien aus Neiséiland, Kaffi aus dem Peru, Avocado aus Südafrika,... et schénge keng Grenze méi ze ginn. Et kann een haut genee dat iessen, wou ee grad Loscht drop huet, an déi mannst maachen sech Gedanken iwwer eventuell Konsequenze fir eis Ëmwelt. Mam Afloss vu soziale Medien ass d’Ernärung och zu engem gesellschaftlechen Trend ginn a virun allem de Veganismus gëtt vu ville sougenannten Influencer op soziale Medie gepusht.

Vegan heescht op Déiereproduiten, wéi Fleesch, Fësch, Mëllech, Eeër ze verzichten, also net nëmmen op d’Déier selwer, ma och op alles, dat si produzéieren. Weltwäit gëtt et mëttlerweil geschätzt 1 Milliard Leit, déi sech vegan respektiv vegetaresch ernären. D‘Veganer ginn awer net nëmmen appreciéiert, ma och fill kritiséiert. Wou läit dann elo den Haaptkritikpunkt? Ass et den Trend u sech, dee vu ville Medien héichgespillt gëtt, oder ass et d'Philosophie vum Veganismus?

En Trend kënnt ganz séier op, ma verpufft och grad esou séier; Beispill: d‘Moud. Sécher Veganismus a Moud kann een net matenee vergläichen. De Choix fir vegan ze liewen ass vill méi individuell a gepräägt vu gesondheetlechen, ökologeschen oder ethesche Grënn.

Ass eng vegan Ernärung dann elo besser fir eis Gesondheet? Fest steet, Uebst a Geméis si gesond Liewesmëttel. Fest steet och, ze vill Déierefetter si schlecht fir Häerz-Kreeslaf, féieren zu héijem Bluttdrock a maache fett.

Studie weisen: manner Fleesch setzt de Risk fir Kriibserkrankungen erof a wierkt sech och positiv bäi anere Krankheeten aus. Dat Eenzegt wou ëmmer nees gewarnt gëtt bäi veganer Ernärung si Mangelerscheinungen duerch eesäiteg Ernärung. Ma et ginn haut ganz fill gutt Informatiounen an Dokumentatiounen, fir deem aus dem Wee ze goen.

Veganismus ass sécher eng ëmweltfrëndlech Alternativ. Eleng de Methangas, deen duerch déi extensiv Véizuucht entsteete ass e grousse Problem, Methangas ass 25 mol méi schiedlech wéi CO2. Dobäi kënnt d‘Fudderproduktioun fir dës Déieren, als Beispill de massive Sojaubau, duerch deen dausenden Hektar Reebësch ofgeholzt ginn. A last but not least, dat ethescht Argument géint d‘Déierenzuucht op klengstem Raum, wou de Profit ëmmer virum Wuel vum Déier steet.

Veganismus schéngt awer virun allem an de soziale Medien ze polariséieren, well do, wéi meeschtens, just d‘ Extremer héichgespillt ginn.

Wichteg wier et sech bewosst ze sinn, wat een ësst a wat fir Konsequenzen dat op engem seng Gesondheet, déi vun den Déieren an op d‘Ëmwelt huet. Net einfach géint een Trend op d'Barrikade klammen, mä probéieren ze verstoen, wat do alles mat drun hänkt a sech eng eege Meenung bilden. Klengen Tipp um Enn: eng Woch ouni Fleesch an entdecken, wat dat mat engem mécht.

Wien sech weider informéiere wëll!

"Cowspiracy: Das Geheimnis der Nachhaltigkeit" (2014)

Een Documentaire iwwert d’Auswierkunge vun der Déieren-Industrie mat interessante Fakten an Zuelen.

"The Game Changers" (2019)

Een Documentaire, dee weist dass een och mat enger planzlecher Ernärung als Profisportler erfollegräich ka sinn.