Touristesch Attraktioun a Konscht fir Grouss a Kleng (...wuertwiertlech) suergt am Süden vu Schwede fir e groussen artistesche Succès.

An der Stad Lund zum Beispill kann ee an der Stad, wann ee ganz gutt oppasst, duerch Zoufall oder Detektivaarbecht, Miniaturhaiser gesinn, déi um Eck vun enger Wunneng iwwert puer Zentimeter zum Virschäi kommen.

Et wier wéi eng Schatz-Sich, sou d'Madeleine, 29 Joer. D'Miniaturhaiser wieren net onbedéngt opfälleg an et misst ee scho gutt kucken, fir se ze fannen an et kéint een och net zwee Mol déi selwecht fannen.

D'Haiser, déi vun der anonymmer Grupp "Anonymouse" gebaut ginn, hunn och ëmmer ee klenge Message verstoppt. Nieft enger Bäckerei, engem Restaurant oder engem normale Miniaturbuttek kann een zum Beispill och eng Miniaturapdikt fannen, mam Message: "Patte wäschen", fir opmierksam op d'Corona-Pandemie ze maachen.

D'Grupp "Anonymouse" wéilt esouguer sou anonym bleiwen, dass de Buergermeeschter vu Lund net weess, wiem hie Sue fir dës Konscht soll ginn. Mëttlerweil sinn d'Artisten iwwert déi schwedesch Grenz ukomm, esou wéi zum Beispill zu Bayonne a Frankräich oder op der Isle of Man a Groussbritannien.

Op de soziale Medien huet d'Grupp och Succès, mat iwwert 139.000 Followers.