Se hu vill Plaz a sinn immens propper, wuel virun allem dowéinst well d'Baussewänn aus Glas sinn - déi nei ëffentlech Toiletten an engem Park zu Tokio.

Keng Angscht, kee muss op esou enger Toilette virun den Ae vun der Ëffentlechkeet säi "Geschäft" erleedegen. Soubal d'Dier zougespaart gëtt, ginn déi gliese Wänn onduerchsiichteg.

D'Glas vun der Männer-Toilette gëtt mof, déi vun de Frae rosa. Et gëtt och e giele Wierfel, an dee Puppelcher kënne gewéckelt ginn.

D'Wänn vun dësen neien ultramodernen Toiletten gi mat Hëllef vu Stroum transparent gehalen. Gëtt d'Dier zougespaart, gëtt de Circuit ënnerbrach an d'Glas verléiert seng Transparenz.

© AFP

D'Toiletten am Yoyogi-Fukamachi-Mini-Park si vum Architekt Shigeru Ban entworf ginn. Si sollen de Mënschen d'Angscht huelen, dass ëffentlech Toiletten net propper wieren oder sech een dobanne verstoppe kann.