Se kënnen héich modern equipéiert sinn, deelweis och kee Gramm CO2 ausstoussen, et kann een dermat op d'Rees goen, ma souguer och dra wunnen: Hausbooter.

Wann dës och scho laang am Ausland eng beléiften Alternativ zu den héijen Immobiliëpräisser sinn, sou si se op d'mannst hei bei eis an der Miseler Géigend nach net ganz ukomm.

Eng jonk Startup hei vir a Frankräich setzt awer genee dorobber. Wéi villfälteg dës asetzbar sinn, wat d'Virdeeler vun engem Hausboot sinn a wéi dës funktionéieren, weisen eis de Christophe Wantz an d'Deborah Ceccacci.

Weider Informatiounen iwwert d'Hausbooter vu Boathome fannt Dir am Artikel vun de Kolleege vum 5minutes.