De Geessebock Zoltan soll esou onangeneem geroch hunn, dass d'Nopesch hire Gaart net méi notze konnt. E Fall fir d'Geriicht zu Bayreuth.

Zanter bal 3 Joer streide sech Noperen ëm de Geroch vun engem Geessebock. D'Nopesch kéint hir Wäsch net méi am Fräien ophänken an och net méi dobausse sëtzen, well si de Geroch vum Déier extrem stéiere géing. Vun hirem Affekot heescht et nach, dass si dowéinst och keng Clientë méi kéint bei sech empfänken.

Dëst soll sech elo änneren. Et dierf elo net méi gestonk ginn, huet d'Landgericht Bayreuth entscheet. Wat dat genau bedeit, ass awer net gewosst. D'Besëtzerin muss dofir suergen, dass d'Nopesch net méi ze vill vum Geroch beanträchtegt gëtt. Mä wat genau heescht dat? Dat froe sech béid Parteien. Op der Plaz konnt de Riichter kee staarke Geroch feststellen, ma Zeien an en Expert hätten awer op eng iwwerzeegend Aart a Weis duergestallt, dass d'Situatioun grenzwäerteg wier.

D'Besëtzer vum Zoltan wiere sech op alle Fall géint d'Virwërf. Déi speziell Doftnout hätt d'Béischt just am Héichsummer, fir Geessen unzelackelen. Antëscht hätt een hien an engem Stall ënnerbruecht.

Kritt een de strengen Doft net ënner Kontroll an d'Nopesch fillt sech weiderhi gestéiert vum Geroch, mussen d'Besëtzer mat enger Geldstrof vu bis zu 250.000 Euro rechnen oder esouguer mat enger Prisongsstrof.