E Freideg den Owend sinn am Live! Planet People d'Sandra Biewers, d'Nadine Krolak an de Patrick Mordiconi eis Invitéen.

D'Sandra Biewers ass Kënschtlerin an Tätowéierin. Zesumme mam Nadine Krolak huet si dëst Joer, trotz Pandemie, e Stéck vum Jakobswee gemaach. Dat ass u sech den Alternativprogramm zu New York a Berlin, dee flaach gefall ass. De Covid huet all des Pläng iwwer de Koup geheit a se op de richtege Wee vum Camino gefouert. No 7 Deeg si si getrennte Weeër gaangen. d'Nadine huet sech fir d'surfen entscheet an d'Sandra koum um Enn op 450km. Op hirer Facebook Säit "Op Schratt an Tratt" kann een d'Highlighten an Enttäuschungen hautno materliewen.

De Patrick Mordiconi ass zanter 30 Joer Physiotherapeut. Hien huet et an den Hänn, dass munch Kënschtler an den Abbey Road Studioen sou entspaant sangen. Zu senge Clienten zielen den Taron Egerton, Nile Rodgers a Paul McCartney. Wéi aner Leit Piano spillen, spillt hie wéi keen aneren op der Wirbelsail vu senge Patienten, ganz no de Corona-Reegelen. Hien huet Lëtzebuerger Wuerzelen, schafft am Saarland a wunnt a Frankräich. 6 Joer war hie Chef-Physio beim FC Saarbécken ënner dem Klaus Toppmöller an 3 Joer bei de Saarland Hurricanes am American Football. A ganz niewebäi ass en och nach Papp vu 5 Kanner.