De Mënsch war vu jeehier e Sammler. Deemools war et Nahrung fir z'iwwerliewen, haut aus Spaass. An do kommen och emol ganz kuriéis Sammlungen zesummen.

Bal Jiddereen huet schonn emol eppes gesammelt, sief et als Kand oder souguer nach als Erwuessenen. Zu de méi beléifte Sammel-Objete gehéieren Timberen, Pins, Panini-Biller, Comics an Zeitungen oder och Petzien. Ma et ginn awer och méi geckeg Sammlungen. Der Fantasie sinn do bal keng Grenze gesat, héchstens der Plaz.

Sou munch ee muss fir seng Sammel-Leidenschaft och mol méi déif an d'Täsch gräifen. Do spillt dann och dacks den Hannergedanke mat, dass déi begierte Stécker iergendwann u Wäert gewannen - vläicht och als Investitioun fir spéider.

Egal, ob sentimentale Wäert oder net, hei am Land gëtt sécher och esou munches gesammelt.