Zanter 15.000 Joer gi se mat eis op d'Juegd, si passen op d'Haus op oder rette Liewen. Mä nieft deene positive Säite ginn et och Nodeeler.

Esou vill Sonn wéi d'Hausdéieren op 4 Patten an eise Liewe bréngen, wärend mir op Fleesch verzichten, den Auto stoe loossen a mam Vëlo op d'Aarbecht fueren oder eisen Offall recycléieren, vergësst een dacks dës Problematik, wann et ëm eisen Hond geet.

Wéi een ökologesche Pattenofdrock d'Hënn sou op d'Ëmwelt hunn, dat hunn d'Kim Maya Yavor a seng Kolleege vun der TU Berlin ausgerechent. Fir hir Etüd hu si ee 15 Kilo schwéieren an 13 Joer alen Hond als Grondlag geholl. An hire Berechnungen hu si alles mat agerechent, wat een Hond wärend sengem Liewen ësst, a wéi eng Ressource benotzt ginn, fir d'Fudder hierzestellen an ze transportéieren, bis zu wéi een Impakt d'Ausscheedunge vun engem Hond op d'Ëmwelt hunn.

D'Resultat: Een Hond stéisst am Duerchschnëtt 8,2 Tonnen CO2 wärend sengem Liewen aus. Dat entsprécht 72.800 Kilometer mat engem Auto oder 13 Hin- a Réckflich vun Berlin op Barcelona. All Hond stéisst soumat 630 Kilo CO2 am Joer aus.

Wann een déi 630 Kilo CO2 am Joer mat den 2 Tonnen, déi ee Mënsch am Duerchschnëtt ausstéisst, verrechent, da misst all Besëtzer vun engem Hond sech bewosst sinn, dass ewell een Drëttel vu sengem CO2-Budget fir den Hond verbraucht gëtt.

De Fleeschkonsum vun den Hënn dréit mat 90 Prozent am meeschten zu hirer Ëmweltbelaaschtung bäi. Dobäi muss ee bedenken, dass dëst Fleesch meeschtens weder Bio ass, nach vum Bauer aus dem Nopeschduerf kënnt, mä aus der massiver Industrie vum Déierefudder, wou et bei wäitem manner Regulatioune ginn, ewéi an der Fleeschindustrie fir de Mënsch.

An dat wat vir rakënnt, muss och hanne raus. Mat hiren Ausscheedungen, 1 Tonn Festes an 2.000 Liter Urin, géingen d'Hënn méi Schued fir d'Ëmwelt, op enger Fläch vun 6,5 Hektar, uriichten, wéi Glyphosat. Wat dobäi intressant ass: d'Entsuergung vun den Ausscheedunge lount sech. D'Plastikstuten, déi fir dësen Zweck geduecht sinn, géinge manner Schued uriichten, wéi d'Ausscheedunge selwer.

Et ass awer ëmmer méiglech d'Ökobilanz vu sengem Hond ze verbesseren. Et kéint ee Biofudder fir den Hond kafen zum Beispill. Och ze bedenken: ee klengen Hond ass manner schiedlech fir d'Ëmwelt ewéi ee groussen Hond, déi iessen nämlech manner.