Als Schutz virum Virus kann een entweder eng Otem-Schutzmask undoen oder eng Visière aus Plastik, déi iwwert dat ganzt Gesiicht geet.

Si gehéieren zum Alldag an der Pandemie. Egal ob Mondschutz oder Visière, trendy soll et sinn. Nieft den Wegwerf-Masken, ginn et jo antëscht eng Heede Wull aus Stoff. De Faarwen an dem Goût sinn do keng Grenze gesat. Bei de Visièren ass de Choix do scho méi begrenzt. Deem wëll de franséische Luxus-Label Louis Vuitton elo en Enn setzen, mat enger extra stylescher Variant.

D'Traditiounshaus huet eng speziell Schutzvisière entwéckelt. Natierlech ganz am Stil vun hirem Label mam berüümte Monogramm. An et gouf sech och eppes iwwerluecht: Sinn d'Sonnestralen emol méi staark, gëtt d'Visière automatescht méi däischter. Wie se fir e Moment mol net brauch, kann d'Visière einfach eropklappen a schonn huet een eng Designer-Kap.

Eigentlech eng super Iddi, wier do net ee klengen Hoken. Et ka wuel net all Mënsch sech dee klenge Luxus-Accessoire leeschten. Fir d'Louis-Vuitton-Visière muss een nämlech 900€ op den Dësch leeën.

Dat nobelt Stéck kënnt iwwregens nächste Mount eraus. Bleift nach e bësse Sputt fir ze spueren....