Enn August gouf op Facebook vu verschiddene Betriber op Vandalismus opmierksam gemaach. Een dovun huet RTL getraff.

De Mike Niederweis ass privaten Imker. Hien huet viru 4 Joer Sumsi.lu gegrënnt, wou Hunneg produzéiert a verkaf gëtt. Hie bedreift dat niewelaanscht mat senger Schwëster zu Gréiwemaacher. Seng Geschäftsiddi war et, säin Hunneg direkt um Grondstéck vu sengem Beievollek an engem Selfservice-Stand ze verkafen. Dat huet awer leider net esou funktionéiert, ewéi geduecht.  Kuerz nom Verkaafsstart huet hie misse feststellen, dass säin Hunneg geklaut a Material futti gemaach gouf. Op Facebook huet hien dunn en Artikel gepost, an deem hien op dës Dot opmierksam gemaach huet. Säi Post gouf bal 200 Mol gedeelt, hëtzeg kommentéiert an eegenen Aussoen no si bal 40.000 Persounen erreecht ginn.

Dem Mike Niederweis säi Stand sollt awer net den eenzege bleiwen, deen Affer vu Vandalismus gouf. Op Facebook fënnt een a leschter Zäit ëmmer erëm Betriber, déi esou en Verhalen mat hirer Clientèle deelen.

An der Stad hu mir en Experiment gemaach a selwer esou e Stand opgebaut, fir ze kucken, wat geschitt an d'Leit ze befroen, wat se vun esou enger Verkafsstrategie halen.