D’Mëllech ass fir de Gros vun eis e feste Bestand an der Ernierung. Se kënnt an de Kaffi, an de Müsli an d’Gebäck an a sou vill aner Saachen.

Wien d’Mëllech vum Déier awer net verdréit oder se aus ethesche Grënn net konsuméiere wëll, fënnt mëttlerweil eng Hellewull u planzlechen Alternativen. Wéi eng Alternative ginn et, wéi gesond si se a wéi soll ee se am beschte benotzen? Ass planzlech Mëllech wierklech reng planzlech oder wéi vill Chimie stécht dran? Se heesche Coconutdream, Rice-drink oder Oatly . Si all sinn Alternativen zu der beléifter Koumëllech, ma den Numm “Mëllech" dierfe si net hunn, dee kréie just Produiten, déi aus engem Auder kommen. Koumëllech, Geessemëllech, Schofsmëllech – an natierlech: D’Mammemëllech.

Vill Veganer setze sech dofir an, dass d'Källefcher bei hirer Mamm bleiwe kënnen an hir Mëllech kréien, well fir si ass déi Mëllech jo schliisslech geduecht.

De vegane Liewensstil bedeit net nëmmen, dass ee sech staark fir d’Déiere mécht, ma dacks och fir d’Ëmwelt am allgemengen. Och wann den Ubau vu Mandelen, Soja a co. fir vill Diskussioune suergt, schneiden d'Alternativen déi doraus entstinn an de Statistiken dach ëmmer besser of wéi d'Koumëllech.

Fir 1 Liter Huewer-, Soja- oder Mandelmëllech gëtt an der Moyenne nëmmen een Drëttel vum CO2 verursaacht, dee fir ee Liter Mëllech géif entstoen.

An och beim Waasserverbrauch kënne sech d’Huewer- an d’Sojamëllech weise loossen. D’Mandelmëllech brauch zwar vill méi Waasser wéi déi aner zwee, ma nach ëmmer just hallef esou vill wéi d’Mëllech vun der Kou.

Vill Leit ginn och dovun aus, dass déi planzlech Alternative méi gesond sinn. Ëmmerhin, fënnt een Tonne Studien déi beweise wëllen, dass Mëllech Kriibs oder aner Krankheete fuerdert. Aner Studie soen awer, dass de Mënsch d’Mëllech brauch.

Fakt ass: Mëllech ass e gesonde Kalzium- an Eewäissliwwerant.

Ma och wann et e gesond Liewensmëttel ass, soll een dach drop oppassen, dass ee just Qualitativ héichwäerteg Mëllech keeft. Se soll am ideal Fall vu Kéi kommen, déi reegelméisseg Gras a Stréi friessen a keng Zousätz an d’Fudder gemëscht kréien.

Wien d’Mëllechzocker-intolerant ass, kann op laktosefräi-Produiten zeréckgräifen, si enthale genau déi selwecht Inhaltsstoffer an Energie-Wäerter. An de Butteker fënnt ee vun dëse Produite jo och ëmmer méi. Ob d’Zuel vun de Mënsche mat der Intoleranz awer zouhëlt, dat ass nach net bewisen.

Weltwäit gesinn hunn nërdlech Länner e vill méi nidderege Prozentsaz u Leit, déi eng Laktosintoleranz hunn. An de südleche Länner dogéint läit de Prozentsaz immens héich. Studie ginn dovun aus, dass d’Mënschen aus nordeuropäesche Länner scho viru 7.500 Joer ugefaangen hunn, Mëllech ze drénken a soumat och d’Fäegkeet entwéckelt hunn, se ze verdroen.

Wien awer eng Mëllechallergie huet, kann och net op laktosefräi Produiten zréckgräifen. Déi Leit sinn deemno mat de planzlechen Alternative gutt versuergt. Ma och hei soll een oppassen, wéi eng Produiten ee keeft. Déi meescht Alternativen enthale wéineg vun der Matière Première, vill Drinks kréien och eng grouss Quantitéit un Zocker an Aromastoffer bäigesat. Wichteg wier et dowéinst ëmmer, emol e méi genaue Bléck op d’Lëscht vun den Inhaltsstoffer ze geheien.

Dat Natierlechst bleift déi normal Mëllech. Ma ob et natierlech ass, dass mir se drénken, do scheede sech d’Geeschter. Genuch Auswiel gëtt et mëttlerweil jo jiddefalls fir all Liewensstil. Wichteg ass et, dass ee fir sech selwer weess, wat fir een am gesondsten ass a mat wat ee sech eben am wuelste fillt.

A wie Loscht op en Challenge huet an no enger méiglecher Marktlücke sicht : Am Géigesaz zu der Koumëllech huet Lëtzebuerg nach keen eegene Produzent fir eng planzlech Alternativ.