De bekannte Spillsaachenhiersteller wëll seng Produktioun méi ëmweltfrëndlech gestalten.

Aus deem Grond wëll Lego vun 2021 un d'Steng a Figuren net méi an Tute verpaken, déi aus Konschtstoff sinn. Dat huet de Konzern en Dënschdeg wësse gedoen.

Donieft wëll Lego bis Enn 2022 op eng CO2-neutral-Produktioun wiesselen a bis 2025 keng Offäll méi produzéieren. Och de Waasserverbrauch soll ëm 10 Prozent zeréckgoen, huet den zoustännege Manager Tim Brooks AFP géintiwwer erkläert.

Fir dësen nohaltege Projet wëll Lego 400 Milliounen Dollar (338 Milliounen Euro) investéieren. Dëst ass ënnert anerem eng Reaktioun op de Feedback vu ville Keefer, déi hinnen ëmmer nees Froen a puncto Plastik an Ëmwelt stellen. Kanner géingen hinnen esouguer Biller molen, op deene si illustréieren, wéi si sech déi verbessert Verpackunge virstelle géingen, sou de Brooks.

An Ungarn, Tschechien, Mexiko, China an Dänemark ginn déi berüümte faarweg Legosteng hiergestallt. Déi meescht Deeler ginn aus dem Konschtstoff ABS produzéiert. Bis 2030 sollen all Produite vun hinnen aus nohaltegem Material sinn.