An Nordweste vun England hunn d'Autoritéite misse preziséieren, wat a Corona-Zäite genau ënnert Mond- an Nueseschutz verstane gëtt.

En Déier gehéiert op alle Fall net dorënner. Festgeluecht gouf dës Reegel, nodeems e Mann an England mat enger lieweger Schlaang ëm Hals a Mond an e Bus geklommen ass.

En Aenzeien huet beriicht, dass hien ufangs geduecht hätt, de Mann hätt eng verréckte Mask un, bis him opgefall ass, dass dëse "Schutz" sech tatsächlech beweege géing an ëm seng Handgelenker gekroch ass.

Vun enger anerer Persoun op der Plaz huet et geheescht, dass dësen dach éischter aussergewéinleche Begleeder kee sou richteg gestéiert hätt. Et wier ënnerhalsam gewiescht, eng Persoun hätt d'Faart am Bus esouguer gefilmt.

Eng kleng Erënnerung vun engem vun de Spriecher vum ëffentlechen Transport an England: Masken, Schaler an Halsdicher ginn als Mond- an Nueseschutz akzeptéiert, Schlaangenhaut allerdéngs net, virun allem net, wann d'Haut nach um Déier drun ass, och wann de Begrëff "Mask" vill Interpretatiounsspillraum léisst.