De Cory Lee sëtzt zanter sengem 4. Liewensjoer am Rollstull. Dat huet hien awer net dovun ofgehalen, duerch déi ganz Welt ze reesen.

Den 30 Joer ale Mann ass elo den éischte Rollstullfuerer, deen uechtert d'Welt gereest ass an op all Kontinent op d'mannst eng Kéier war. De Cory Lee konnt nach virun der Corona-Pandemie säin Zil erreechen an de leschte Kontinent op senger Lëscht mat senger Mamm besichen: D'Antarktis.

Fir de jonke Mann war et ee Liewenszil, fir Vakanz op all Kontinent ze maachen. Mat 30 Joer hätt hien dat elo endlech erreecht an dat, obwuel et net grad einfach ass, mam Rollstull ze reesen. De Cory Lee, deen u Spinale Muskelatrophie leit, brauch nämlech vill méi Zäit fir eng Rees virzebereeden, wéi aner Leit, déi sech fräi beweege kënnen. Hie misst op d'Sich no behënnertegerechten Hoteller an Transportméiglechkeete goen.

An engem Blog deelt hie seng Informatiounen an Tipps mat anere Leit am Rollstull, fir si ze motivéieren, d'Welt dobaussen z'entdecken.

View this post on Instagram

Okay, today we’re breaking into the top 3 in my countdown of my 15 favorite international destinations of all time!! 👏 This is where the competition gets TOUGH because I reeeeeally really love each of these top 3 and depending on the day and my mood, any of these 3 could take the top spot. 🤷🏻‍♂️ But today, coming in at # 3 is...⁣ ⁣⁣ ⁣🇮🇳 𝗜𝗡𝗗𝗜𝗔 🇮🇳⁣ ⁣⁣ ⁣I visited India in 2018 and fell in love with the country. It was completely unlike anywhere else that I’ve traveled to. I can describe India in two words - 𝘀𝗲𝗻𝘀𝗼𝗿𝘆 𝗼𝘃𝗲𝗿𝗹𝗼𝗮𝗱. 🤯 From the sounds, sights, smells, and tastes, India was overwhelming... but in the best way! ⁣ ⁣⁣ ⁣I wanted to visit India for years, but there was never any accessible transportation in the country until just a few years ago. Thanks to @enabletravel, I was finally able to experience India as a wheelchair user & it was truly spectacular! ♿️ ⁣ ⁣⁣ ⁣Over the course of about 8 days, I toured the Golden Triangle (Delhi, Agra, and Jaipur). It was the perfect introduction to India and I can’t wait to see more of the country one day! 🥰⁣ ⁣⁣ ⁣Do you dream of visiting India?? ⁣ ⁣⁣ ⁣[𝘙𝘦𝘢𝘥 𝘮𝘰𝘳𝘦 𝘢𝘣𝘰𝘶𝘵 𝘮𝘺 𝘵𝘪𝘮𝘦 𝘢𝘯𝘥 𝘢𝘤𝘤𝘦𝘴𝘴𝘪𝘣𝘪𝘭𝘪𝘵𝘺 𝘪𝘯 𝘐𝘯𝘥𝘪𝘢 𝘰𝘯 𝘮𝘺 𝘣𝘭𝘰𝘨 𝘢𝘵 𝘊𝘶𝘳𝘣𝘍𝘳𝘦𝘦𝘞𝘪𝘵𝘩𝘊𝘰𝘳𝘺𝘓𝘦𝘦.𝘤𝘰𝘮]

A post shared by Cory Lee (@curbfreecorylee) on

Mëttlerweil war de Cory Lee a 37 Länner weltwäit. Säin Highlight? Marokko! Säin neit Zil ass et, déi 62 US-Nationalparken ze besichen. 3 huet e schonn hannert sech. De Cory Lee wëll och onbedéngt erëm an Däitschland. Dat, fir d'Oktoberfest z'erliewen an do deen een oder anere Béier ze drénken.