Op Twitter hu sech Dausenden Elteren mam Gretchen Goldman, Politik-Fachfra an den USA, solidariséiert, déi gewisen huet wéi Teletravail och kann ausgesinn.

Si mer mol éierlech, 8 Stonnen doheem schaffen, dotëscht Mëttegiesse probéieren ze kachen, d'Kanner tréischten oder nom Sträit auserneenhalen, Spillsaache raumen, an an an.... Dat ka richteg stresseg sinn. Wien huet do nach Zäit sech richteg erauszefizen, wann ee entweder en Online-Meeting huet oder, wéi am Fall vum Gretchen Goldman, ee wichtegen CNN-Interview virun der Live-Cam?

Mat engem giele Blazer sëtzt si perfekt positionéiert virun der Kamera a schwätzt iwwer Klimapolitik an den USA. Hannert de Kulissen: e séier opgebauten Kamera-Set a ronderëm wëll verspreete Spillsaachen an d'Gretchen Goldman sëtzt an ënneschter Box a Sandalen um Stull.

"Nëmme fir mol éierlech ze sinn", sou iwwerschreift d'Gretchen Goldman hire Post op Twitter a séchert sech domat d'Ënnerstëtzung vun Dausende anere mat betraffenen Elterendeeler. Si huet nämlech gewisen, wéi Teletravail mat Kanner doheem a Realitéit ausgesäit, wann een de Bléckwénkel vun der Kamera ännert. Da gëtt ganz séier aus engem perfekten Homeoffice-Büro e Spillsaachen-Schluechtfeld.