Normalerweis versicht en Déif net op sech opmierksam ze maachen, ma dësen horege Verbriecher konnt et einfach net loossen...

Dem 20 Joer alen Zackrydz Rodzi säin Handy war op eemol verschwonnen. Déi eidel Smartphone-Housse louch ënnert dem Bett, ma näischt huet dorop higedeit, dass en Abriecher am Haus war. Wéi säi Papp hien op en Af opmierksam gemaach huet, deen an hirer Géigend ëmhier geschlach ass, ass de Student am Dschungel op d'Sich nom Déier gaangen.

An ee Gléck: Am Bulli ënnert enger Palm hat hien den Handy fonnt. Ma clever huet sech den Déif net ugestallt gehat. Den Af hat tatsächlech dem Zackrydz Rodzi säin Handy stibitzt a kuerz drop Fotoen a Videoe vu sech selwer gemaach. Déi meescht Fotoe waren onschaarf, ma e puer hätten awer kloer d'Gesiicht vum Af ugewisen.

Ee vun de Videoe gouf esouguer vun engem Bam aus gemaach. Eng aussergewéinlech Vue, ma de Fait, dass d'Déier sech dobäi gefilmt huet, wéi et versicht huet, den Handy ze friessen, war wuel manner flott fir de Besëtzer.

Fir ze vermeiden, dass nees onerwaarte Besuch a säin Zëmmer abrécht a Géigestänn matgoe léisst, befënnt sech säin Haus elo "an engem totale Lockdown", sou de Zackrydz.