Déi lescht Méint ware jo relativ sonneg an deemno och ideal, fir op eng Terrass sëtzen ze goen.

Zum Gléck, well mat der Corona-Situatioun war et hei méi einfach, verschidden Sécherheetsmesuren anzehalen.

Ma déi schéin Zäit geet lues op en Enn an d'Cafetieren an d'Restaurateure mussen sech Gedanke maachen, wéi se elo ouni Terrasseplaz trotz Corona iwwert d'Ronne kommen.

Mir waren um Donneschdeg Owend op eng Terrasse an der Stad, fir heiriwwer ze schwätzen.