Hondsgewéinlech Nimm si mat der Zäit a Verruff geroden, mä wisou verbënnt ee mat verschiddenen Nimm bestëmmte Virurteeler?

Den Expert fir Virnimm, de Knud Bielefeld, an d'Gesellschaft für deutsche Sprache (GfdS) weisen an hiren neie Statistiken, dass gesellschaftlech Ereegnesser d'Auswiel vun Nimm beaflossen. Well et an Däitschland keng offiziell Statistik fir Virnimm gëtt, berechent de Bielefeld reegelméisseg déi beléiftsten Nimm bei Neigebuerenen. A sengem Ranking vun 2019 huet hien Informatioune vu 592 Quellen aus 466 ënnerschiddleche Stied ausgewäert, haaptsächlech Spideeler. D'Gesellschaft für deutsche Sprache baséiert sech op Donnéeë vum État civil an huet an hirer Etüd ronn 90 Prozent vun alle Virnimm an Däitschland ënnert d'Lupp geholl.

Ee Beispill ass de Virnumm Kevin. An enger Etüd vun der Universität Oldenburg iwwer Virurteeler vu Proffen ass dësen Numm nämlech besonnesch a Verruff geroden. Ronn 80 Prozent vun de befroten Enseignanten haten 2009 uginn, dass si bei engem Bouf, dee Kevin heescht, e frechen, leeschtungsschwaachen an éischter verhalensopfällege Schüler erwaarde géingen. Ugangs 90er Jore virbäi an den Top 10 vertrueden, koum en zejoert just nach op Plaz 302.

En Numm, deen och däitlech u Beléiftheet verluer huet, ass Alexa. Zanterdeem Amazon de virtuelle Sproochassistent esou gedeeft huet, gëtt den Numm vun Elteren ëmmer manner heefeg erausgesicht. 2010 stoung de Virnumm nach op Plaz 200 vun de beléiftste Meederchersnimm, 2019 just nach op der Plaz 1.064.

Ob Greta dat selwecht Schicksal blitt, ass ofzewaarden. De Knud Bielefeld geet dovun aus, dass dëst duerchaus méiglech ass. De Virnumm vun der schwedescher Klimaktivistin ass konstant op plus minus der 30. Plaz bliwwen. Ma éischten Erkenntnisser no schéngt et awer, wéi wann dësen Numm 2020 däitlech géing u Popularitéit verléieren, sou den Hobby-Virnimm-Fuerscher. An enger éischter Héichrechnung ass de Virnumm 70 Plazen no hanne gefall. Dëst géing weisen, dass d'Aktualitéiten an der Welt e groussen Impakt op d'Auswiel vun den Nimm hunn.