De "Guide Vert" vun "We're Smart" huet den 21. September déi beschte Lokaler annoncéiert, an deene sech alles ëm Geméis dréint.

Vegetaresch a vegan Bistroe si mëttlerweil keng Seelenheet méi. Weltwäit kache Spëtzerestauranten antëscht ouni Fleesch, Fësch oder Produiten, déi vun Déiere stamen. Dobäi ginn d'Platen op esou eng villfälteg Aart a Weis zesummegestallt, dass esouguer Fleeschfrënn näischt op hirem Teller mëssen. Am Ranking  "Guide Vert" recommandéieren "We're Smart" 100 Lokaler, an deene keng kulinaresch Wënsch oppe bleiwen.

Frëscht Uebst a Geméis, Kreativitéit beim Kombinéiere vun ënnerschiddleche Goûten, wéi och den ekologesche Foussofdrock goufen hei genau ënnert d'Lupp geholl. Am meeschten iwwerzeegt huet dem René Mathieu säi Restaurant "La Distillerie" zu Buerglënster mat Liewensmëttel, déi aus de Felder a Bëscher aus der Ëmgéigend stamen.

Dem Frank Fol no, deen de Präis dëst Joer iwwerreecht, ass de Lëtzebuerger Restaurant "La Distillerie" eng sougenannten "place to be" a gouf mat der 1. Plaz ausgezeechent: „René Mathieu est un pionnier de la cuisine naturelle. Il évoque avec goût les ingrédients des champs et des forêts qui entourent le Château Bourglinster. Avec autant de passion et de talent en une seule personne, c'est à juste titre le nouveau «place to be»mondial pour la cuisine végétale créative."

Mat senger 2. Plaz ass "Vrijmoed" zu Gent an der Belsch eng Rees derwäert. Plaz 3 huet sech "Bord'eau" zu Amsterdam geséchert. Dem Gomm eng Freed bereede maachen iwwerdeems och "Piazza Duomo" zu Alba, "L'Oustau de Baumanières" zu Les Baux-de-Provence, "L'Arpège" zu Paräis, "Graanmarkt 13" zu Anvers, "HumusxHortense" zu Bréissel, Arabelle zu Marcin a "Joia" zu Mailand.

Donieft goufen Entreprisen a Persoune mam Präis "We're Smart® Future Awards 2020" belount, déi sech fir eng nohalteg a gesond Ernierung asetzen. Och hei ass de Grand-Duché direkt 2 Mol vertrueden. Als Projet vum Joer gouf Luxair ausgezeechent fir hir Platen op planzlecher Basis. Den dräisproochege kulinaresche Magazine "Kachen" gouf als beschte Medium vum Joer gewielt.

Méi Detailer iwwert de "Guide Vert" kann een um Site vun "We Smart" noliesen.