Eng Kéier am Liewe mam fréieren amerikanesche President schwätzen. Dësen Dram kéint elo an Erfëllung goen.

De Barack Obama wëll nämlech fir d'US-Bierger erreechbar sinn. Dag an Nuecht. Aus deem Grond huet hie seng Handysnummer getwittert, op där jidderee kann Noriichten hannerloossen. Ënnert der Nummer 773-365-9687 kann een him säin Häerz ausschëdden. Hie wëll nämlech wëssen, wéi d'Leit sech dobausse fillen, wat hinnen duerch de Kapp geet a fir wie si dëst Joer ofstëmme wäerten.

Ob den Obama awer jidderengem perséinlech äntwere wäert, ass éischter onwarscheinlech. An awer probéiert hien, sech "vun Zäit zu Zäit ze mellen".