Léift, Matgefill, Baarmhäerzegkeet a Verantwortungsgefill: Dat ass de Message vun der Fondatioun Wonschstär.

Viru 6 Joer gouf d’Fondatioun an d’Liewe geruff an erfëllt zanterhier Mënschen, déi schwéier vum Schicksal getraff goufen, hir Wënsch. Esou och beim Chris Romitelli, dee sech zanter klengem un en Treffe mat sengem Idol dem Valentino Rossi gewënscht huet.

De 26 Joer jonke Chris Romitelli leit zanter klengem un um "Leigh Syndrom". Eng ganz rare degenerativ Erkrankung. Wou hien op d'Welt komm ass, goufen et nach keng Unzeeche vun der Krankheet, ma wou hien ugefaangen huet mat Goen, ass hien dacks gefall. Doropshi si seng Elteren direkt mat hirem klenge Bouf bei den Dokter gaangen. D'Diagnos war e Schock fir si all. Duerno ass alles ganz séier gaangen. Nodeems si d’Diagnos kritt hunn, souz de Chris no 4 Méint scho ganz am Rollstull, do hat hie knapps 5 Joer. Ufanks war hien zwar och am Rollstull nach ganz mobil, ma iergendwann huet seng Beweegungsfräiheet sech ëmmer méi ageschränkt.

Trotz sengem schwéiere Schicksal huet de Chris eng enorm Liewensfreed an eng grandios positiv Ausstralung. Schwätze kann hien net, ma hie schreift op sengem Computer mat den Aen a kann esou kommunizéieren.

De 4. Mee virun zwee Joer war dem Chris säi groussen Dag. 4 Deeg konnt hien zu Jerez a Spuenien verbréngen a sech beim Moto GP wéi e grousse Kinnek fillen. An der éischter Rei huet hie mat sengen Elteren d’Cours verfollegt a konnt souguer e Bléck hanner d’Kulisse geheien. Hien huet selwer de Kontakt zum Motorradsportler opgeholl a sech mat der Wonschstär-Fondatioun a Verbindung gesat, fir sech de Wonsch kënnen ze erfëllen.

D’Begeeschterung war onbeschreiflech a wäert sécherlech fir ëmmer eng grouss Roll a sengen Erënnerunge spillen.