Hënn hu genee wie hir Meeschteren nawell eng komesch Zäit hannert sech no der wierklech aussergewéinlecher Situatioun vum Confinement.

Bemol waren hir Mënschen déi ganzen Zäit doheem, aner Leit hu se dogéint bal net méi gesinn an domat och kaum aner Muppen. Genee wéi fir eis ass de Social Distancing och fir vill Hënn eng haart Zäit gewiescht. Ëmgedréint hu Welpen, déi an där Zäit sozialiséiert sollte ginn, kloer Nodeeler dovu gedroen.

Wéi de Lockdown bis eriwwer war, huet sech jo relativ séier alles geännert, an domat koume Problemer! Homeoffice war eriwwer, ma munch Muppe wollten dunn awer net méi eleng bleiwen. An déi jonk Muppen, déi sech grad un hiert rouegt Liewen ouni Kaméidi a vill Mënschen- a Muppekontakter gewinn haten, wosste bemol net, wéi hinne geschitt an hunn déi ënnerschiddlechst Reaktioune gewisen – vun Angscht bis Aggressioun. Well se isoléiert waren an der wichtegster Léierphas vun hirem Liewen. Et gëtt awer fir alles Léisungen, fir dem Mënsch sengem beschte Frënd ze hëllefen.

Méi dozou gitt Dir bei eis am Videoreportage gewuer.