Gewäsch, gedréchent, nees asazbereet: No deem Prinzip huet e vietnameesesche Betrib Paräisser wollte recycléieren.

Wéi RTL.de mellt, hätt eng Mataarbechterin aus enger vietnamesescher Grande surface zu Tan Uyen zouginn, dass si pro Mount dausende vu gebrauchte Kapëttercher nees a Form bruecht a weiderverkaf hätten. En onbekannte Liwwerant hätt si mat der knaschteger Wuer versuergt. Wien dës Preservativen alles unhat, ass net gewosst. Ronn 345.000 Päck Kondomer, dat entsprécht 360 Kilogramm, goufe vun der Police saiséiert.

Kee ganz hygienescht Verfaren, wann ee bedenkt, dass d'Kondomer vun de Mataarbechter gewäsch, gedréchent an duerno mat engem Vibrator geformt goufen. Gesondheetsschied an Infektiounsrisike konnten net ausgeschloss ginn. 0,17 Dollar hätt een der Gerante no pro Kilo "recycléierten" Schutz kritt, steet an der vietnameesescher Zeitung "tuoi tre news" ze liesen.

Bis ewell ass nach onkloer, wéi vill vun deene Gummien de Wee an d'Geschäfter gepackt hunn a benotzt goufen. 500 bis 600 Millioune Stéck gi pro Joer am Vietnam kaf.