Wat geschitt, wann een net kontrolléiert, ob d'Kamera am Teletravail un oder aus ass, huet de Juan Emilio Ameri misse léieren.

Wärend enger Sëtzung am Parlament gouf den Deputéierte live zougeschalt. Wat hien awer net wosst: Hien hat vergiess seng Kamera auszemaachen. E grousse Feeler, wat sech spéiderhin erausgestallt huet. Op groussem Ecran gouf nämlech gewisen, wéi de Juan Emilio Ameri senger Fra d'Brëscht geheemelt a gekusst huet.

Et ass net déi éischte Kéier, dass sougenannten "Pannen" aus dem Homeoffice live iwwerdroe ginn, wéi zum Beispill Politiker, déi viru lafender Kamera ageschlof sinn. Ma dës erotesch Zeen hätt awer "wierklech d'Grenze vum Haus iwwerschratt", sot de Virsëtzende vum Parlament Sergio Massa. Virun allem, well de Video séier an de sozialen Netzwierker verbreet gouf.

Als Konsequenz gëtt de Politiker fir 5 Deeg vu weidere Sëtzungen ausgeschloss. Dobäi soll et awer net bleiwen. D'Parlament wäert bannent den nächsten Deeg entscheeden, wéi eng Strofen op hie wäerten duerkommen. Houfreg ass de 47 Joer ale Parlamentarier net op säi Verhalen. Hie géing sech dofir schummen. Donieft huet hie betount, dass seng Partnerin virun 10 Deeg Broschtimplantater agesat krut. Wéinst villen Internet-Problemer a senger Regioun ass hien dovunner ausgaangen, dass keen eppes vun den Zäertlechkeeten a senge 4 Wänn géing matkréien.