Et ass eng Traditioun zanter 1891, dat Joer gouf déi alleréischt Rous fir d'Groussherzoglech Famill geplanzt. Elo krut och de Prënz Charles eng eege Rous.

Zanter de kleng Prënz am Mee op d'Welt komm ass, huet ee just wéineg vun him ze gesi kritt. No der Kanddaf virun 3 Wochen bei herrlechem Wieder, war et den éischten offizielle Rendez-vous fir de Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume. Agekuschelt an enger groer Jackette mat Bommelmutz konnt een de Fils vun der Ierfgroussherzoglech Koppel  dës Kéier beim Rousegaart vum Schlass zu Mënsbech bewonneren.

Zu Éiere vum klenge Lëtzebuerger Prënz gouf eng Rous no him benannt, eng laang Traditioun zanter 1891 an eisem Land. Deemools war et eng Rous fir de Grand-Duc Adolphe.

Leurs Altesses Royales le Grand-Duc héritier, la Grande-Duchesse héritière et leur fils le Prince Charles ont visité...

Gepostet von Cour Grand-Ducale am Dienstag, 6. Oktober 2020