Wéi vill Kleeder hutt Dir dann an ärem Kleederschaf? Wann d'Äntwert ze vill ass, da gëtt et wuel nees Zäit, e bëssen auszezortéieren.

Dat hunn sech wärend dem Confinement och méi Leit geduecht. D'Alkleedersammlunge
ginn nämlech den Ament ënner a Kleeder. 150.000 Kilo alt Gezei sinn
eleng am éischten Hallefjoer méi an deenen orange Container vun der ONG
Kolping an der Jongenheem asbl gelant, wéi déi Jore virdrun.
Déi ginn eidel gemaach vun e puer Benevolle vu der ONG Kolping an Ekipp vun der Jongenheem asbl. D'Aktioun Aalt Gezei ass nämlech ee vu ville pedagogeschen Atelieren, déi d'Jongenheem ubitt. Fir déi Leit, déi Schwieregkeete bei der Aarbechtssich hunn. D'lescht Joer sinn esou 2.700 Tonne Kleeder gesammelt ginn. Dëst Joer wäerten et der viraussiichtlech nach méi sinn. Net just déi riseg Quantitéiten, déi schwéier ze bewältege sinn, e grousse Probleem ass awer och, dass ganz vill Offall an de Kleedercontainer lant. Dat muss alles extra rausgeholl ginn an dacks op eege Käschten nees recycléiert oder wech gehäit ginn.

No der Kollektioun vum Gezei ginn d'Saachen an ee Sortéierwierk an Däitschland oder Holland verkaaft. Déi kafen d'Kleeder op vu Kolping/Jongenheem. D'Suen, déi d'Associatiounen domadder verdéngen, gi geholl, fir d'Käschte vum Jongenheem ze decken a fir der ONG Kolping hir karitativ Projeten. Zwee Drëttel dovunner bléift zu Lëtzebuerg an een Drëttel geet an d'Ausland.

Am Sortéierwierk gëtt dann den Triage gemaach. Déi Kleeder, déi gutt sinn, ginn an d'Ausland fir de Second-Hand Marché weider verkaaft.

Kleeder déi net méi gutt sinn, gi recycléiert an zum Beispill an der Isolatioun vun Autoen oder a Malerfleece verschafft. Eng drëtt Kategorie sinn déi Saachen, déi musse wech gehäit ginn. Dat mécht siwe bis aacht Prozent aus.

Duerch d'Coronakris ass net just méi Gezei gesammelt ginn, mä d'Grenze waren deelweis zou a Länner, déi an der Kris sinn, sief et eng sanitär oder politesch, hunn keng grouss Nofro un Second-Hand Kleeder. Eng kleng Nofro an eng grouss Offer drécken de Präis, an domadder och de Gewënn deen d'Associatioune mat hirer Aktioun maachen.