Zanter Méint gehéiere Masken zu eisem neien Alldag. Mat der korrekter Handhabung hapert et heiansdo awer nach e bëssen...

Wouhin zum Beispill mat der Mask wann een am Restaurant oder am Auto sëtzt? Wéi dacks muss een d’Mask wierklech wiesselen? A wéi vill Bakterië sammelen sech an hinnen? Déi wichtegst Froen, Tipps an Tricks ronderëm d’Masken.

Mask propper halen

Déi sécherst Method ass a bleift d’Wäschen an der Wäschmaschinn bei 60 Grad, an dat schonn no ee Mol benotzen. Esou recommandéiert et op mannst d’Regierung. Wien awer net all Dag d’Wäschmaschinn umaache wëll, ka seng Mask alternativ 3 bis 10 Minutte laang an en Dëppe mat kachendem Waasser leeën. Vun anere Methoden, wéi d’Opwiermen am Schäffchen, an der Mikrowell oder mam Streckeisen, roden Experten of. Beim Strecke géingen nämlech d’Bakterien net eliminéiert ginn, esou de Virolog Claude Muller. Also misst een d’Mask trotzdeem wäschen. Am Schäffchen an an der Mikrowell besteet Brandgefor duerch metallen Deeler.

Dem Prof. Claude Muller no kéint ee sech awer och mat Hëllef vun engem Rotatiounssystem organiséieren. Dat heescht et huet een 2-3 Masken déi een ofwiesselend benotzt. Wichteg dobäi wier et d’Masken nom Gebrauch ëmmer propper opzehänken an 48 Stonne laang dréchnen ze loossen. An enger fiichter Mask sammele sech nämlech séier Bakterien.

OP-Masken sollt een iwwerdeems net wäschen. Esou kéinten se hir Form verléieren an doduerch net méi sou gutt schützen. D’Passform ass nämlech immens wichteg, esou de Claude Muller. D’Mask sollt iwwerall gutt uleien a vum Nuesréck bis bei d’Kënn alles gutt verdecken.

Mask transportéieren

An enger epidemiologescher Situatioun wou et just wéineg Nei-Infektiounen ginn, kéint een d’Mask dem Prof. Muller no roueg ënnert dem Kënn hänke loossen fir se dann erop ze zéien wa se gebraucht gëtt. Soss roden Experten generell dovunner of d’Mask unzepaken.

Wie seng Mask awer léiwer ewech pake wëll, kann dat zum Beispill mat enger Tut aus Pabeier, Plastik oder Stoff maachen. Esou evitéiert een dass eppes un d’Mask dru kënnt an ëmgekéiert dass aner Géigestänn eventuell kontaminéiert ginn. D’Tut kann een dann no Gebrauch wechgeheien, respektiv wäschen.

Am Auto sollt een evitéieren d’Mask un de Réckspigel ze hänken, esou riskéiert een nämlech eng Amende. Sëtzt een am Restaurant, sollt een d’Mask net um Dësch leie loossen – dëst ass ganz einfach onhygienesch.

Mask stockéieren

Doheem kann ee seng Masken an engem Plastiksbehälter loftdicht stockéieren. Dat gëllt awer just fir propper Masken, esou de Claude Muller. Benotzte Maske sollten nämlech dréchne kënnen.

Wéi bedenklech si Bakterien an der Mask?

Offizielle Recommandatiounen no sollt ee seng Stoff-Mask no engem Dag wäschen an OP-Maske wechgeheien. Mä firwat eigentlech? Wéi kontaminéiert ass eng Mask no engem Dag a Gebrauch? Fir dat eraus ze fannen, hu mir een Test am Labo gemaach. Véier Masken, déi entweder 1 Dag oder 3 Deeg am Asaz waren, hu mir ënnersiche gelooss. Dorënner si souwuel OP-Masken, wéi och där aus Stoff.

D’Delphine Collard vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) huet d’Maske méi genee ënnert d’Lupp geholl. Wat d’Unzuel vun de Bakterien ugeet, konnte keng nennenswäert Ënnerscheeder festgestallt ginn tëscht de Masken déi 1 Dag laang oder 3 Deeg am Asaz waren. Dat erkläert sech doduerch dass schonn no puer Stonnen ee bestëmmte Seuil u Kontaminatioun iwwerschratt ass. Generell sinn also all d’Masken am Test staark befall vu Bakterien.

Wou et par conter eng däitlech Differenz gëtt, ass d’Effikassitéit vun de verschiddene Masken. Déi besti jo all aus dräi Schichten. A wéi een op der Grafik gesäit, ass déi mëttelst Schicht bei de Stoffmaske méi staark kontaminéiert wéi bei den OP-Masken. Wou d’Effikassitéit vun OP-Maske bei 95% läit, bidde Masken aus Stoff je no Material just 2-50% Schutz.

© RTL

Kann een also krank ginn, wann een eng Mask ze laang un huet? Jo, mengt d’Delphine Collard, awer net haaptsächlech duerch d’Bakterien. Wat een d’Mask nämlech méi laang un huet, wat se méi fiicht gëtt. An eng fiicht Mask bedeit dass d’Filter-Funktioun noléisst, also schützt se net méi sou gutt géint Vire vu baussen.

Ob ee seng Mask elo no 4 Stonnen, 8 Stonnen oder méi wiesselt, hänkt am Endeffekt dovunner of wéi ee seng Mask benotzt. Schwätzt ee vill a strengt sech kierperlech un, gëtt se méi séier fiicht a muss ersat ginn. Eng Fauschtreegel gëtt et deemno net. Wat den alldeegleche Gebrauch ugeet, sollt een d’Mask propper wechpaken, wann ee se net brauch, ma virun allem sollt een net vergiessen dass d’Mask eleng net déi aner Gestes-barrière ersetzt.

Weider Recommandatiounen an Informatiounen iwwer d’Situatioun zu Lëtzebuerg ginn et op covid19.lu