Vill Gedold an Ausdauer waren néideg. Ma um Enn huet et geklappt. Zanter E Freideg an nach bis en Dënschdeg den Owend ass zu Käerch Kiermes am Duerf.

D'Musek huet um Samschdeg den Toun uginn. Knuppautoen, Intefëschen, Schéissbud, Karussell, Trampolin, Lunapark, Gegrilltes a Séisses. Et ass eng richteg flott Kiermes, déi déi Käercher direkt nieft dem Schlass op d'Been kruten, dat trotz Covid-19.

D'Reegele goufen zesumme mat der Santé ausgeschafft. Mask, op Distanz bleiwen a vir de Rescht gëllen déi selwecht Limitatioune wéi am Horesca Secteur.

Fir d'Kiermesleit sinn déi 5 Deeg zu Käerch eng kleng Loftblos, bal um Enn vun enger Saison, déi se sou bal net vergiesse wäerten. Fir vill Kiermesleit ass Käerch iwwerhaapt eréischt eng vun den 1. Kiermessen am Joer, an zugläich och schonn eng vun de leschten.

De Secteur vum Evenementiel ass ee vun deenen, deen zanter Mäerz am meeschten ënnert der Covid-Pandemie leide muss. Fester a Kiermesse goufen eng no där anerer ofgesot. Dat schléit och mat der Zäit de Leit op d'Gemitt. Dofir hunn déi Käercher sech dëse Weekend duebel gefreet, bei schéinem Wieder, zesummen hier Kiermes ze feieren.

Op Kiermessonndeg si Spiller a Stänn vu Moies 11 bis Owes 10 op.