Den Nicolas Szele a Pit Wanderscheid sinn zwee bekannte Lëtzebuerger Käch, déi elo en neie Wee an der Gastronomie wëllen aschloen: dee vun der Epicerie.

Doheem iesse wéi am Restaurant – mat lokalen a saisonale Produiten – an och nach ouni datt d'Kichen duerno komplett op der Kopp steet... Wie sech dat wënscht, dee fënnt säi Gléck warscheinlech an de sougenannten "Epiceries Fines". Där sinn am leschte Joer eng Partie hei am Land opgedaucht, an dat kënnt och net vun ongeféier. Well zënter den Diskussioune ronderëm e méi nohaltegt Konsumverhale klëmmt den Interessi nees bei de Leit fir dat Lokaalt a Saisonaalt, an deemno och fir déi méi kleng Epicerien, déi an den Gemengen allerdéngs ëmmer méi seele goufen.

Elo schénge se nees méi am Trend ze sinn, besonnesch zënter datt d'Leit sech a Covid-Zäiten net méi alt ze vill ënnert grousse Mënschemasse beweege wëllen. Op där anerer Säit sinn et awer och d'Restaurateuren, déi sech iwwert dee Wee en neit Standbeen an der Gastronomie opbaue wëllen. De Secteur géif net méi esou glänzen ewéi soss an et misst ee sech nei erfannen. Doriwwer eraus wier d'Restauratioun och e ganz haarde Beruff a genee aus dëse Grënn hunn zwee Restaurateuren aus Lëtzebuerg decidéiert, dësen "neie" Wee vun der eegener Epicerie anzeschloen. Wat dobäi d'Erausfuerderunge sinn a wéi grouss d'Nofro bei de Leit tatsächlech ass a wéi si sech de Comeback vun den Epicerien erklären? Äntwerten op all dës Froe ginn et an eisem Reportage.