Zanter 75 Joer ass de Raymond Kirsch Beiemann a fiert nach bal all Daach no sengen Déiere kucken.

Wann ee bis 90 Joer huet, dann ass mengen ech keen engem béiss, wann een et mat sengen Hobbyen e bësse méi lues u geet. Dat gëllt awer net fir de Raymond Kirsch: Hien ass zanter 75 Joer Beiemann a fiert nach bal all Daach no senge Beien kucken. Well dat awer och ëmmer vill Gerenns ass, krut hien e besonnesche Wonsch erfëllt. Seng Beie konnten nämlech quasi a seng Noperschaft, bei d'Rollenger Altersheem plënneren.