Candlelight-Dinner wéi am 7. Himmel, och wann de Fliger um Buedem steet: Singapore Airlines huet 2 Fligeren als Restaurant ëmgebaut.

Si ware schwéier betraff vun der Corona-Pandemie, ma si wossten sech nawell ze hëllefen. Schonn no enger hallwer Stonn waren déi 900 disponibel Ticketen fir e Mëttegiessen u Bord vum Airbus A380 fir de 24. a 25. Oktober ausverkaf, esou d'Zeitung "Straits Times". De Fliiger ass allerdéngs net wéi gewinnt an der Loft, mä e parkt um Buedem.

Fir ee ganz speziellt Erliefnis am Restaurant hunn d'Gäscht stramm Präisser vun ëmgerechent bis zu 630 Euro pro Ticket bezuelt an dat obwuel an der Passagéiermaschinn ganz normaalt Fliigeriesse servéiert gëtt. Well d'Nofro sou héich war, huet d'Airline nach en zweete Weekend drugehaang. Wärend deene 4 Deeg kann een dann souwuel Mëttes, wéi och Owes am Pop-up-Restaurant iessen.
Fir Passagéier, déi vill fléien an d'Iessen aus dem Fliger léiwer doheem genéissen, bitt Singapore Airlines och Liwwerungen un. Hier Passagéier duerch d'Géigend ze fléien, fir hiren Honger ze stëllen, ouni anzwousch tëschen ze landen, krut d'Airline net accordéiert. Dëst wéinst hefteger Kritik vun Ëmweltaktivisten.

Singapore Airlines ass net déi éischt Fluchgesellschaft, déi probéiert wärend der Corona-Pandemie mat verschiddenen Offeren en Auswee aus der Kris ze fannen. Thai Airways huet am September zu Bangkok a Pattaya sougenannte Fliger-Caféen opgemaach, déi ganz beléift waren an och bal ëmmer ausgebucht.