Dorënner ënnert anerem, dass den Trump den Tim Cook "Tim Apple" genannt, just 750 Dollar Steiere bezuelt huet an um Mount Rushmore wollt veréiwegt ginn.

Net nëmmen an der richteger Welt dréit sech an den USA den Ament alles ëm d'Presidentschaftswalen, mä och zu Springfield. An do kënnt den aktuelle President net alt ze gutt ewech. De "Simposons"-Grënner huet nämlech schonn e puer Mol den Donald Trump a senger Serie op méi oder manner verstoppten Aart a Weis kritiséiert. An der Halloween-Folleg, déi den 18. Oktober an den USA diffuséiert gëtt, gëtt op en Neits Kritik ausgeüübt.

Wéi an engem Extrait aus dëser Folleg ze gesinn ass, erënnert d'Marge den Homer drun, dass hie seng Stëmm nach muss ofginn. Well hien awer net weess, wéi ee vun de Kandidaten hie wiele soll, lëscht seng Duechter Lisa him 50 Grënn op, wisou sech säi Papp géint den Trump entscheede soll.

Hei e puer Grënn, déi an der Episod genannt ginn

  • Hien erlaabt et, Bieren am Wanterschlof ze erschéissen
  • Hien huet Kanner a Käfeger aspäre gelooss
  • Hie bezeechent Mexikaner als Vergewalteger
  • Seng Fra wëll seng Hand net an der Ëffentlechkeet halen
  • Hie bezeechent Entwécklungslänner als "assholes"
  • Hien huet den Tim Cook "Tim Apple" genannt
  • Hien huet gesot, dass jüddesch Mënschen, déi Demokrate wielen, net loyal sinn
  • Hien huet an engem Restaurant zu Mar-a-Lago streng geheim Dokumenter presentéiert
  • Hien huet wäiss Rassisten als "fei Leit" bezeechent
  • Hien huet geheim Informatiounen un de russesche Botschafter weiderginn
  • Hien huet Baltimore als en "eeklegt, vu Raten an Nagedéiere verseuchte Chaos" bezeechent
  • Hien huet sech aus der WHO zeréckgezunn
  • Hien huet 750 US-Dollar Steiere bezuelt
  • Hie wollt säi Gesiicht um Mount Rushmore veréiwege loossen

An als leschte Grond sot Lisa, dass et nach vill weider Grënn géinge ginn; déi schlëmmste wieren hei nämlech net dobäi.

Parodie vum Joe Biden

Net just den Donald Trump, ma och den Joe Biden gëtt am Kontext vun de Wale kritiséiert. Den Jim Carrey huet an der Sketch-Show "Saturday Night Live" zum Beispill den Demokrat parodéiert. Hien huet nämlech de Biden gespillt a sech am Sketch an eng Méck verwandelt. Dëst als Uspillung op d'Méck, déi et sech wärend der Debatt tëscht dem Mike Pence an dem Kamala Harris um Kapp vum Republikaner gemittlech gemaach hat.

Schonn nom éischten TV-Duell tëscht béide Presidentschaftskandidaten hat den 48 Joer ale Komiker Jim Carrey den Joe Biden parodéiert.