Mat 30 Joer verbréngt d'Anne-Sophie Steichen all hir Fräizäit um Bauerenhaff vun hirer Famill, deen et zanter 1500 gëtt.

Si huet deemools hir Eltere konnten iwwerzeegen, fir unzefänke Béischte vun der Angus-Rass ze halen an ze ziichten. Domadder sollt d'Produktioun méi nohalteg ginn a sollt sech méi dem Konsument upassen, deen hautdesdaags méi Fleesch vu gudder Qualitéit favoriséiert. Ma sou eng Zuucht huet och eng grouss Ëmstellung an e perséinlechen Asaz vun der ganzer Famill gefuerdert.