Vun 1991 bis 2019 ass den duerchschnëttlechen Alter souwuel bei de Mamme wéi och de Pappen ëm all kéiers 3,6 Joer geklommen.

D'Pappe waren an Däitschland bei der Gebuert vun engem Kand am leschte Joer duerchschnëttlech 34,6 Joer al. Dat huet d'Statistische Bundesamt an d'Bundesinstitut für  Bevölkerungsforschung e Freideg matgedeelt.

Och d'Mamme waren bei den 2019 gebuere Kanner méi al, mat 31,5 Joer. Deemno och hei 3,6 Joer méi al wéi nach 1991.

Bei der Gebuert vum éischte Kand konnt een den Alter vun 33,1 Joer bei de Pappe festhalen, bei de Mammen 30,31 Joer. Zwee Joer méi al sinn déi jeeweileg Elteren bei der Gebuert vum zweete Kand a beim drëtte Kand louch den Duerchschnëttsalter bei de Pappe bei 36,6 Joer a bei de Mamme bei 33,2 Joer.

Domat gehéieren d'Pappen an Däitschland bannent Europa zum "eeleren" Drëttel. Nach méi al bei der Gebuert vun engem Kand am Joer 2017 waren d'Pappen an Italien, Griichenland a Spuenien.

Zuele fir Lëtzebuerg

Hei am Land gouf 2019 festgehalen, dass d'Mammen am Schnëtt 31 Joer al si bei der Gebuert vum éischte Kand. Verglach gouf den Taux tëscht 2000 an 2017. D'Altersmoyenne geet deemno och hei konstant an d'Luucht.

Z'erkläre wier dëse Phenomen ënner anerem, well d'Frae sech méi spéit bestueden. Par konter wier d'Zuel vun de Gebuerte bei net bestuete Frae reegelrecht explodéiert, zanter 2000 vun 22 op 44 Prozent.

Vun de Pappen hei am Land leie keng Chiffere vir.