E Freideg den Owend goung et am Live! Planet People ënnert anerem ëm d'Kierch an iwwert de Kino.

2009 koum dem Vincent De Smet eng éischte Kéier de Gedanke Paschtouer ze ginn. Ronn 11 Joer méi spéit ass hien e Samschdeg geweit ginn. An enger Owesmass, wéi en dem Paschtouer sou bei der Aarbecht nogekuckt huet, koum dem Vincent d'Iddi, dass hien säi Wee fonnt hätt. Wéi e seng Schoul am Beräich Commerce bis ofgeschloss hat, huet e sech fir de Seminaire ugemellt. Hei hu se fonnt, dass et guer net schlecht wier, virdrun nach aner Experienzen ze sammelen. No 3 Joer Bürosaarbecht huet den Herrgott hien eng zweete Kéier geruff, an elo freet de Vincent sech op seng éischt Por.

© RTL

Mat der Jeunesse Esch, dem Bauereblues an der Superdreckskëscht kennt d'Julie Schroell sech aus.
Mat engem Documentaire iwwer eng Schoulklass am Nicaragua kéint d'Realisatrice d'nächst Joer en Oscar gewannen.
No der Première zu Esch am Jongelycée huet se zu Bréissel Dréibuch a Filmanalyse studéiert. 2007 huet d'Julie d'Geschicht vun der Jeunesse Esch an 52 Minutte verschafft, 2011 koum e Clip fir "De Läb" eraus an dat selwecht Joer war et "De Bauereblues". Si schafft an Däitschland an zu Lëtzebuerg. Mam Film "River Tales/Cuentos del rio" huet si schonn e puer Präisser gewonnen an elo heescht et de 15. Mäerz 2021 d'Daimercher fir d'Course ëm d'Oscaren ze drécken.

© RTL