Nodeems den Déiereschutzveräin 1908 gegrënnt ginn ass, huet d'Lëtzebuerger Déiereschutzliga zënter 1964 hiert eegent Déierenasyl.

Geschoulte Mataarbechter këmmere sech em Déieren, déi am Asyl sinn, bis déi en neit Doheem fonnt hunn. Dëst si just Hënn a Kazen. Fir aner Déiere schaffe si mat Privatpersounen oder aneren Associatiounen zesummen. Am Géigesaz zu méi eeleren Déieren, sinn déi méi jonk Hënn a Kaze méi gefrot an dofir kënne si och méi einfach vermëttelt ginn. D'Personal aus dem Déierenasyl versicht ëmmer d'Leit, déi sech en Déier wëllen uschafen, gutt ze beroden, fir esou deen Hond oder déi Kaz ze fannen, déi bei si passt.

Wann ee sech en Hond wëll uschafen, da kënnt et drop un, ob een e klengen, e mëttelgroussen oder e grousse Mupp sicht. Dann gëtt och gekuckt, wéi d'Situatioun an der respektiver Famill ass: Ginn et do kleng oder grouss Kanner, sinn nach aner Hënn oder Kazen an deem Stot? Net all Déier passt an all Famill. Fir dat alles ze klären, gëtt eng Enquête gemaach an et geet och e Mataarbechter aus dem Asyl op d'Plaz selwer kucken. Den Hond kann da fir 2 bis 3 Wochen op Prouf bei déi Leit Heem goen, wann d'Konditiounen all erfëllt sinn. Ass d'Proufzäit gutt verlaf, da kann den Adoptiounsvertrag gemaach ginn. Bei de Kazen ass de Krittär, ob eng Kaz ka raus goen oder ob eng gesicht gëtt, déi dobanne soll bleiwen.

Déi Déieren, déi si ophuelen, kommen aus de verschiddenste Grënn an d'Asyl, sief dat duerch Krankheet, Scheedung, Allergien oder och duerch Zäitmangel. Et ginn och Situatiounen, wou d'Leit sech am Virfeld net bewosst waren, wat alles op si zou kënnt, wa si sech en Déier uschafen a si dann iwwerfuerdert sinn. D'Gaasperecher Déierenasyl hëlt och Déieren op, déi wéinst Maltraitance confisquéiert gi sinn. An deene Fäll muss gewaart ginn, bis e Geriichtsurteel gesprach ginn ass: Entweder kënnen déi respektiv Déieren da vermëttelt ginn oder d'Déier muss erëm zréck bei säi Proprietär.

Déi Leit, déi mat engem vun den Hënn aus dem Déierenasyl wëlle spadséiere goen, musse sech un d'Reegelen, d'Hausuerdnung vum Asyl halen, esou d'Liliane Ferron, Responsabel fir d'Relation publique. An éischter Linn däerfe just Erwuessener mat engem Hond spadséiere goen. De Kanner ass et komplett verbueden, och just kuerz, beim Spadséiergang d'Léngt vum Hond an de Grapp ze huelen. Den Hond däerf och net lafe gelooss ginn, och net op enger Hondswiss. De Kontakt mat aner Hënn muss ënnerbonne ginn. Bei engem "Lëschtenhond" muss een och den Hondsfürerschäin hunn. Spadséiere goe kann ee mat engem Hond vu méindes bis samschdes tëscht 13.00 an 16.30 Auer.

D'Gaasperecher Déierenasyl bitt normalerweis och Workshops a Seminären un. Iwwert de Wee vun enger Formatioun kënne Schüler och iwwert d'Thema Déiereschutz sensibiliséiert ginn. Duerch de Coronavirus leeft dat awer alles net am gewinnte Kader of.

Zënter 2012 ass d'Lëtzebuerger Déiereschutzliga als Etablissement d'utilité publique unerkannt. Doduerch kënnen Done vun de Steieren ofgesat ginn. Fir de Fonctionnement vum Déierenasyl si si, wéi och all Déierenasyl an Déiereschutzorganisatioun op Donen ugewisen.