8 Joer ass et hier, dass sech de Prënz Guillaume a seng Fra Stéphanie d'Jo-Wuert ginn hunn.

"Et war eng Hochzäit wéi aus dem Billerbuch", hat deemools d'Noriichtenagence DPA geschriwwen. Adeleger aus der ganzer Welt hate mat dem Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin matgefeiert. Dorënner Vertrieder aus de Kinnekshaiser aus der Belsch, Holland, Norwegen, Schweden, England a Japan. 1.400 Gäscht waren an der Kathedral an der Stad mat dobäi. Natierlech waren och eng Partie national Autoritéiten op der Plaz, mä och méi wéi 270 Bierger kruten d'Méiglechkeet, dëst Evenement hautno z'erliewen. Duerch d'Zeremonie huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gefouert, dee sech ganz besonnesch op de groussen Dag gefreet huet, wéi hie jo scho bei der Verlobung verroden hat.

Nieft deene méi offizielle Rendezvousen ëm d'Prënzenhochzäit gouf et e ganze Koup Festivitéiten an der Stad, fir dëse ganz besonneschen Dag ze feieren. D'Stroossen ëm de Palais an d'Kathedral, d'Plëss an de Knuedler, wou déi reliéis Zeremonie um groussen Ecran iwwerdroe gouf, ware schwaarz vu Leit. Ob jonk oder al, Lëtzebuerger Resident oder Tourist: Si All wollten dee grousse Moment net verpassen.

Eng weider Nouvelle, déi fir grouss Begeeschterung am Lëtzebuerger Land gesuergt hat, war d'Ukënnegung vun der Schwangerschaft vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie de Lannoy zejoert am Dezember. Den 10. Mee 2020 war et dunn esouwäit: Um 5.13 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte koum den neien Trounfollger Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d'Welt.

© Roland Miny

De Prënz Charles ass den 10. Mee 2020 op d'Welt komm
Laang huet een op d'Annonce gewaart, e Sonndeg war et dunn esouwäit: den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stéphanie sinn Eltere ginn.