D’Wunnform aus den USA fënnt och hei am Land ëmmer méi Supporter. Wat sinn d’Motivatiounen a wéi eng Steng leien dem Wunnkonzept zu Lëtzebuerg am Wee?

E klassescht "Tiny House" steet op Rieder, ënnerläit dofir dem Code de la Route an ass op 4 Meter an der Héicht an 2,50m an der Breet limitéiert. D’Wunnfläch beweegt sech gewéinlech tëscht 15 a 45 Quadratmeter, wéi genee d’Ëmsetzung ausgesäit, kann also ganz ënnerschiddlech sinn.

Am Reportage besiche mir 3 Persounen, déi sech fir d’Liewen an esou engem Miniatur-Haus entscheet hunn, schwätze mat hinnen iwwer hir Beweeggrënn, ma och iwwert d’Problemer vun dëser Wunnform, déi virun allem beim legale Kader leien. Offiziell mussen d’Gemengen “Tiny Houses” als vollwäerteg Konstruktioun akzeptéieren. Fir awer d’Geneemegung vun enger Gemeng ze kréien, musse se konform zu de Bestëmmunge vum PAG, PAP a vum Bautereglement vun der jeeweileger Gemeng sinn. Dass a ville Gemenge beispillsweis kee Logement ënner 70 Quadratmeter dierf gebaut ginn, erschwéiert fir Tiny-House-Besëtzer d’Sich no enger Stellplaz. E Grond wisou vill där klenger Haiser den Ament nach op engem Camping stinn.