E Freideg den Owend goung et am Live! Planet People ënnert anerem ëm Schauspillerei an Extremsport.

Dem Timo Wagner säi Wee als Héichleeschtungssportler war virgezeechent an awer huet e sech um Enn fir d'Schauspillerei entscheet. Nodeems hien d'Dëschtennisrackett op d'Säit geluecht hat, an och keng Loscht méi um Stafhéichsprong do war, huet hien zu Paräis eng Formatioun als Acteur gemaach. Op der Bün, der Tëlee oder am Kino kann een hie reegelméisseg gesinn. Beispillsweis an der Serie "Zëmmer ze verlounen" oder "Capitani" oder rezent am Clip vun der Association nationale des Victimes de la Route. De Moment prouft hien - no senger Corona-Paus - un engem Theaterstéck vum Dürrenmatt, dat Ufank Dezember zu Esch am Theater opgefouert gëtt.

© Timo Wagner

Den Joey Kelly ass duerch säi Familljennumm enk mat der Musek verwuerzelt, an awer huet hie sech en zweet Standbeen als Extremsportler gesicht. Hei zu Lëtzebuerg huet een hien och um Nuetsmarathon gesinn. Viru Kuerzem gouf vill vun him geschwat, wéi hie mat sengem Fils vu Berlin op Peking an engem ale Bulli gefuer ass, an dëse Samschdeg kënnt hien an d'Schungfabrik op Téiteng bei d'Asbl "Eng Hand fir eng Aner", wou hien iwwer säi Liewen um sportleche Limitt als Ausgläich zum musikalesche Liewen an der Familljeband schwätzt. Dono ass eng Autogrammstonn.

Fir 2021 sinn en Nordpol-Marathon an eng nei Bulli-Challenge laanscht d'Panamerica-Route geplangt an de Laf vu München op Venedeg, wann d'Corona-Situatioun et erlaabt.

© Joey Kelly